• Événements
    • Théâtre
    • Tout public
    • 14+

#Ouni Filter

Théâtre

À partir du
© Bohumil Kostohryz

Dates

Désolé, ce texte n’existe pas en français.

Mir chatten, posten, sharen, liken… weisen awer net gären eist richtegt Gesiicht, sou wéi mir wierklech sinn. Mir verstoppen eis léiwer hannert enger Fassad.

#ouni Filter weist mat spatzen Texter, pointéierten Dialogen, geckege Monologen, skurille Situatiounen, verréckte Charakteren, witzege Lidder an allerlee Musekselementer op déi verschidden Alldagsituatiounen hinn. De Mënsch esou, wéi en ass, denkt a fillt mat senge Gewunnechten, Macken, Schwächten a Stäerkten. Ouni Filter. Am Spigelbild, dat mir virgehale kréien, erkenne mir eis selwer a stelle fest, dass mir net anescht si wéi déi aner, an zesumme laacht et sech besser iwwert seng eegen Dommheeten.

Kreatioun: Maggy Molitor, Netty Glesener, Jacqueline Posing-Van Dyck

Texter: Maggy Molitor

Musek: Netty Glesener

Konzept a Regie: Jacqueline Posing-Van Dyck

Bün: Christoph Rasche

Kostümer: Denise Schumann

Luucht: Zeljko Sestak

Mask: Joël Seiller

Regieassistenz: Stella Riolino, Maggy Molitor, Konstantin Rommelfangen, Netty Glesener, Sven Hoscheit (Musëk)

Produktioun: Théâtre National du Luxembourg